RSS

Schlagwort-Archive: Lëtzebuerg

Sepp Thill: ongewinnt, sproochgewand, sträitbar. E Bléck op den „ondugene Gesell”

Sepp Thill: ongewinnt, sproochgewand, sträitbar. E Bléck op den „ondugene Gesell”

„Et ass vläicht deen een oder anre verwonnert datt mir an deem Buch hei… sou riicht eraus sinn; datt mir guer net färte fir moll e besonnert an och moll e grafft Wuert zum beschte ze ginn. Mir se — musst der wëssen — onduge Gesellen ! Déi hott oder har fir Verleef keemools fron. Mir schreiwe, wéi d’Leit aus dem Volk et vermellen. A wiem dat nët schmaacht… ma dee loss et alt ston !”

Besser wéi an dësem Virwuert zu hirem 1940 verëffentlechte Wierk „Gesabbelt Wierker” hätten de Sepp Thill an de Max Duchscher sech wuel net kënne beschreiwen. Iiwwert déi läscht puer Méint hat ech vill Geleeënheet, mech besonnesch mat de Wierker vum Sepp Thill méi genee ze befaassen. Als éischten Artikel no meiner längerer Auszäit, schéngt et mer dofir passend iech e kleene Portrait vu meiner Erfarung mat dësem ganz besonneschen Auteur ze presentéieren.

Als éischt eemol sollt ech vläicht erklären, firwat ech mech a leschter Zäit esou vill grad mat dësem Auteur beschäftegt hunn. Momentan, an nach bis de 17. November, spillen ech mat dem Musikstheaterveräi „Rhäifränsch” vu Gréiwemaacher ee gespillte Léiderowend am Stued Theater dee betitelt ass „Dat schwaarzt Bichelchen – Thill’s Sepp: Den ondugene Gesell”. Ee Programm also, dee sech ganz ëm d’Wierker vun dësem Auteur dréint, eppes wat iisen Informatiounen no, bis ewell nach net zu Lëtzeborreg gemaach gouf. Et geet zum gréissten Deel ëm Texter aus dem Sepp Thill seinem „schwaarze Bichelchen”, een Zort Notizblock mat schwaarzem Deckel, an dem hen een ganz Rëtsch vu seine Gedichter, Geschichten an Texter notéiert hott. Dës Béichelchen hott de Georges Urwald fir iis recuperéiert an zesumme mat iisem momentane Pianist Claude Kraus vertount. Aus deenen doraus nei entstanene Léider hu mir dunn, ënnert der Leedung vun iisem metteur en scène dem Guy Geimer, ee Léiderowend zesummegestallt. 

De Sepp Thill woar een Auteur deen nawell während eener turbulenter Zäit gewierkt hott. Gebuer den 20. September 1887 a gestuerwen den 9. Juni 1953 hott hen 2 Weltkréicher erlieft. En plus muss een natierlech och ervirhiewen, datt hen dodorrech och Deel vun der grousser Chansons Beweegung ëm de Poutty Stein woar, als Member vun der Kantatefabrik „Faberstein” hott hen do och aktiv sein Deel bäigedroen.

Trotzdeem woar de Sepp Thill e Fall fir sech. Op alle Fall ass dat d‘ Konklusioun, déi ech no deene leschte Méint, während deenen ech mech reegelméisseg mat seinen Texter beschäftegt hunn, gezunn hunn. Keen anere lëtzeborreger Auteur vu seiner Zäit hott esou ënnerschiddlech Themen a Stëmmunge behandelt wéi de Sepp Thill. Do konnt et mol ganz defteg ginn, sou z.B. a seiner „Fuesendsnuecht” wou sech déi fantastesch Verse fannen:

„An dem Liss’chen huet seng MiischenWéi eng Kannernues gedrëppst”

Mee de Sepp Thill kann ee genee sou immens beréieren. Sou beispillsweis an eenem vu seine schéinsten, awer och bedréckendsten, Texter, de „Neijorswënsch” an deenen hie Verse vun eener Schéinheet schreift, déi ech perséinlech am lëtzebuergeschen net fir méiglech gehalen hätt:

„D’Jore kräichen all eriwwer

Wéi eng laangeg Rëtsch vu Raupen”

oder och

„Monarchien, Republiken,

Nazistaten, Diktaturen

Wëllen alles besser maachen

A verschwannen ouni Spueren”

Dës Verse kommen nach een Kéier vill besser zur Geltung, wann een se an der fantastescher Vertounung vum Gérard Bintener héiert, mat dem mir fir iise Léiderowend zesumme geschafft hunn.

De Sepp Thill hat e ganz eegenen Humor, dee mat Zäite bal schonn an een Zort schwaarzen, absurden Humor eragaangen ass, wéi een e réicht Joren no seinem Doud sollt vun der britescher Comedygrupp „Monty Python” kenneléieren. Illustréiere kann een dës ganz goutt mat zwee Strophen aus seinem Gedicht „’t nei Bréck”, wat de Selbstmord vun eener jonker Fra, déi sech onbestuet schwanger erëmfënnt zum Thema hott:

„Si ginn du op d’Nei Bréck

‚t wor muerges fréi, d’Sonn stong um Himmel

Si ginn du op d’Nei Bréck

Hatt spréngt dir d’éischt mat wéiem Bléck


‚t fällt ënnen op de Réck

E Krach an eng Bascht raus spréngt de Klengen

‚t fällt ënnen op de Réck

Dee jonken Här wor nach ganz fléck”

Et wor bis ewell ëmmer nees interessant, d’Reaktioune vum Publikum besonnesch op dës Platz ze observéieren, well mir hei zu Lëtzeborreg sou een Zort surrealen Humor net gewinnt sinn. Et sinn Verse wéi des, déi hen och vun aneren Auteure vu seiner Zäit ënnerscheeden.

Des explizit Sprooch ass ëmsou méi iwwerraschend, wann ee bedenkt, datt de Sepp Thill een immens konservative Mënsch woar. Hie woar besuergt ëm een angebleche Verloscht vun eener „lëtzeborreger Identitéit” resp. „Kultur”, obwuel grad hen jo an eener worhafteger Blütezäit vun der lëtzeborreger Literatur gelieft hott. Et muss een hei natierlech ëmmer den zäitleche Kontext gesinn, ëmmerhin hott de Sepp Thill zwee Weltkréicher erlieft, an hie woar déi Zäit sécher net den eenzegen, den e bësse säi Vertrauen an d’Mënschheet verluer hat (cf. dozou och nach een Kéier déi zitéiert Versen aus „Neijorswënsch”).

Grad dofir, well hie sou een komesch Mëschung aus konservativ, mee konstant ironesch a sarkastesch woar, ass et och net ëmmer einfach ze soen, wat hen sech bei bestëmmte Gedichter geduecht hott. Sou z.B. bei seinem Text „Déi gutt al Zäit”. Do fënnt ee Verse wéi des:

„Et wore mol Zäiten, wou d’Liewe sou liicht,

[…] Wou d’Déif nach um Gaalge gehaang.

[…] Do haten ons Dammen hir Räck bis op d’Schong

[…] Wore flénk mat den Hänn a brav mat der Zong 

[…] Do gungen se nur op der Kiirmes eraus

A woren doheem ëmmer d’Sonn an dem Haus.

Hu kee Stëmmen a Sport keemol kannt”

De Sepp Thill als hoffnungslose Reaktionären ? Dat kéint een denken, wann ee sou fraefeindlech a gewaltverherrlechend Verse liest. Säi konservativen Hannergrond géif des Interpretatioun och ënnerstëtzen. Mee gläichzäiteg bleift natierlech och d’Méiglechkeet, dat hie grad mat esou extremen Aussoe wollt des absurd Form vun dem Laangen no eener Vergaangenheet, déi et sou ni gouf, kritiséieren. Béides ass méiglech an et ass haut onméiglech genee ze soe wat zoutrëfft. Ech muss un dëser Platz zouginn, datt ech mech genee aus dem Grond perséinlech ëmmer e bësse schwéier dinn, mat dësem speziellen Text an iisem Programm. Perséinlech géing ech mech als een tolerante Mënsch bezeechen an ech géif natierlech ongire kloer diskriminéierend Gedanke verbreeden. Anerersäits probéieren ech et natierlech och aus eener neutral historescher Perspektiv ze gesinn: sollt de Sepp Thill dës Verse serieux gemeent hunn, muss een e fir esou reaktionär an ënnerdréckend Usiichte veruerteelen, ouni Zweifel, mee da gehéieren se och an ee Programm wéi iisen, fir de ganze Bléck op de Personnage Sepp Thill ze erlaben. E bleift an der Hisiicht, ee schwierege Fall, dee grad mat esou Versen éiweg kann esou oder esou ausgeluecht ginn.

Mee dës kleen Ongereimtheeten hin oder hir, de Sepp Thill ass meiner Meenung no den interessantste lëtzeborreger Auteur vum 20. Joarhonnert a verdéngt d’Opmierksamkeet definitiv. Et kann ee sécher iiwwer villes diskutéieren, mee säi geniale Schreifstil a säi méi wéi besonneschen Humor, bréngen ee méi wéi eemol zum laachen.

Der Rhäifränsch hir Optrëtter am November am Stued Theater zu Maacher (15, 16, 17) si leider schonn all ausgebucht, mee mir wäerten dësen Owend nächst Joar nach op eener Rëtsch anerer Platzen zu Lëtzeborreg opféieren. Elo scho fest steet den 12. Januar am Café beim Pit zu Dickweiler, wou mir iech all häerzlech invitéieren !

Advertisements
 
Hinterlasse einen Kommentar

Verfasst von - 29. Oktober 2017 in Gemischtes, Literatur

 

Schlagwörter: , , , ,

Dem Poli säi Pefferkär – Gastbäitrag vum roude Poli

Dem Poli säi Pefferkär – Gastbäitrag vum roude Poli

Léif Lieserinnen a Lieser vun „just thoughts“,

et ass mer een Freed fir iech kënnen en neien Gastautor op iisem Blog virzestellen !

Ënnert seinem Pseudonym „De roude Poli“ wäert dësen Auteur iech a méi oder manner regelméissegen Ofstänn mat neie lëtzeborreger Léidertexter versuergen. Dës si gire mol kritesch, wann Dir also keen Kritik un ärem schéine Lännche verdrot, dann ass dës Kolumne wuel leider näischt fir Iech…

All deenen aneren (a mir selwer) wënschen ech awer vill Freed mam Poli seinen Texter !

Den Ufank mëscht haut een Ëmdichtung vum Poutty Stein seinem „Nationalmarsch“. D’Melodie ass déi nämlecht, wie séngt mat ?

– V.V.


 
Hinterlasse einen Kommentar

Verfasst von - 12. Juli 2017 in Gastbeiträge

 

Schlagwörter: , , , ,

E Gedicht fir den LCE

E Gedicht fir den LCE

Hei nach, als kleene Bonus fir dës Woch, ee Gedicht, dat ech gëschter op meinem private Facebook Profil verëffentlecht hunn. Et ass entstanen am Kader vun der éischter Journée de l’Amicale e Samschden de Moien am Iechternacher Lycée.

 
Hinterlasse einen Kommentar

Verfasst von - 3. Juli 2017 in Literatur

 

Schlagwörter: , , , , , ,

 
Kunst trifft Poesie

Malerei ist Sprache für die Augen, Sprache ist Malerei für das Ohr.

the chronicles of An Overthinker

.thinking.reading.writing.

saminana

Human Rights, Literature and much more

Lyrifant

Wortgeweb & Sinngespinn

Stadtbibliothek Wolfsburg

BiblioBlog - Das Weblog der Stadtbibliothek Wolfsburg

Knight Owl

I'd risk the fall, just to know how it feels to fly.